
14/07/2025
D’Anne Berna an de Joseph Groben deelen allen zwee hir Passioun fir d’Musel, déi verschidden Dierfer an den historeschen a kulturellen Ierf. De Joseph Groben huet scho vill Bicher erausbruecht iwwer ënnert anerem d’Musek an der Regioun. D’Anne Berna ass Deel vum Ensemble Vocal Sainte Cécile an dee Grupp kann ee Lidd iwwert all eenzelt Duerf un der Musel sangen.