13/07/2026
De Fluchkapitän Goy Feltes ass e leidenschaftleche Pilot, deen virun 10 Joer no 25.000 Fluchstonnen bei eiser nationaler Fluggesellschaft a Pensioun goung.
Am 'Café des artistes' zielt hien dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hien um Findel grouss ginn ass. Hien verréit wat hien un de Waarmloftballonen schätzt, firwat hien gär op d'Juegd geet, bei wéi engen Oldtimer säin Häerz méi séier schléit a firwat hien 2025 zu Dikrech Weltmeeschter am 'Konter a Matt' gouf. Et geet ëm Pünktlechkeet, ze vill Béier, den Hexemeeschter, déi richteg Sonnebrëller, en ausgefalene Motto, eng droleg Aarbechtsmoral an Ägypten an déi grouss Léift, eng Stewardess. Piano: Marc Schmidt