19/09/2026
Wecker: E rouege Verlaf
19.09.2026 - 05:00
Schéine gudde Moien am Wecker! 😁☕ Haut hu mir et mat engem Mix aus Sonn a (schleierhafte) Wolleken ze dinn.
De Moien ass den Himmel liicht wollekeg, mat Chance awer och plazeweis bal kloer - d'Modeller si sech net ganz eens, zumools Timing-méisseg. D'Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 16 a 19 Grad erop. Et ännert sech net all ze vill, mat Chance gëtt et eng méi sonneg Variant. Och Niwwel ka nach matwierken. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 an 23 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Südwest. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et ännert sech net all ze vill, et ass mol méi a mol manner wollekeg. Reene wäert et net. Um Owend an an der Nuecht ginn d'Temperature spéiderhi vun tëscht 15 a 16 Grad op tëscht 8 an 10 Grad zréck.
Muer um Sonnde kënnt eis a klenge Schrëtt eng Kalfront méi no, duerch déi et mat Chance plazeweis zu liichtem Reen ka kommen. Den Détail fannt Dir an der GRATIS App an och ënner https://meteoboulaide.com/wiederprognosen 🌤
Iech all e schéine Weekend gewënscht! 😁
Philippe Ernzer