1000deeg Informations de contact, plan et itinéraire, formulaire de contact, heures d'ouverture, services, évaluations, photos, vidéos et annonces de 1000deeg, Podcast, Luxembourg.

De Projet deen d’Wichtegkeet vun den éischten 1000 Deeg vum Liewen an den Impakt op eis Gesellschaft erfuerscht.
🌿 Maxi Pesch
Mamm, Journalistin & ganzheetlech Beroderin fir Ernährung an den éischten 1000Deeg
PODCAST: Spannend Gespréicher mat Experten.

🥣 Baby knows best.Bebeën kommen mat enger natierlecher Fäegkeet op d’Welt:Si spieren, wéini si Honger hunn.Si spieren, w...
24/02/2026

🥣 Baby knows best.

Bebeën kommen mat enger natierlecher Fäegkeet op d’Welt:
Si spieren, wéini si Honger hunn.
Si spieren, wéini si genuch hunn.

Mee dës Selbstregulatioun kann ganz fréi gestéiert ginn.

„Du muss nach e Bëss huelen.“
„Maach d’Glas eidel.“
„Nach e Läffel.“

Esou fänkt dacks eng Ofkopplung vum eegene Kierper un.

Am éischte Liewensjoer geet et net nëmmen ëm „fest Iessen aféieren“.
Et geet ëm:

• Selbstregulatioun
• Darm-Entwécklung
• Eisen- a Nährstoffopbau
• Vertrauen an den eegene Kierper

An dofir ass net nëmmen d’WAT wichteg.
Mee och d’WÉI.

Nährstoffräich Beikost heescht:
kleng Moen – héich Nährstoffbedierfnesser – keen Drock.

Déi éischt Joer leeën d’Fundament.

An genau do setzt meng Aarbecht un.

Ech begleeden Elteren tëschent 4–12 Méint,
fir d’Beikost net nëmmen „richteg“,
mee nährstoffdicht an physiologesch sënnvoll opzebauen.

Wann s du dengem Bebe e staarkt Fundament wëlls ginn,
schreif mir 🤍


1000Deeg Nurture
Nährstoffräich Ernärung am éischte Liewensjoer

Eist Frühstück mat 10 Méint.Einfach.Nährstoffräich.Opbauend.🥚 Ee – fir Cholin, Protein a wichteg Fetter🐟 Sardin – Omega-...
22/02/2026

Eist Frühstück mat 10 Méint.

Einfach.
Nährstoffräich.
Opbauend.

🥚 Ee – fir Cholin, Protein a wichteg Fetter
🐟 Sardin – Omega-3, Jod an Eisen
🥬 Réi Sauerkraut – kleng Quantitéit, fein gehackt, fir natierlech Fermenter
🌰 Maronen-Noss-Bällchen (.de inspiréiert) – Energie a Mineralstoffer
🫒 E bëssen Ueleg – fir d’Opnahm vu fettlésleche Vitaminnen

Beikost ass net do, fir just ze saturéieren.
Si baut op.

Darmflora.
Immunsystem.
Gehirentwécklung.

Beikost als Fundament.

Perséinlech Beikost-Begleedung fir Bebeën tëschent 4 an 12 Méint.
Interesse? Schreiw mir.

Ech weess, wéi sech dat ufillt.De Beikoststart ass spannend.Mee kann och iwwerwältegend sinn.Vill Rotschléi.Vill Meenung...
21/02/2026

Ech weess, wéi sech dat ufillt.
De Beikoststart ass spannend.
Mee kann och iwwerwältegend sinn.

Vill Rotschléi.
Vill Meenungen.
Vill „Du muss…“.

An iergendwann stees de do a frees dech:
Maachen ech dat richteg?
Kritt mäi Bebe wierklech dat, wat en elo brauch?

Beikost ass net just Iessen.
Si leet e Fundament fir d’Liewen.
Ab Mäerz starten ech mat Beikost-Consultatioune fir Bebeën tëschent 4 an 12 Méint.

D’Begleedung leeft per Sproochnooriicht, mat Äntwerte bannent 48 Stonnen (Wochendeeg).

Strukturéiert. Duerchduecht. Well Beikost net an engem Rendez-Vous geschitt, mee am Alldag.

Basis-Begleedung (4 Wochen) – verlängerbar.

Meng Approche baséiert op menger holistescher Ausbildung bei OhBaby Holistic Nutrition

Ech schaffen mat engem ganzheetleche Bléck op:
• Nährstoffräich éischt Liewensmëttel
• Opbau vun enger gesonder Darmflora
• Eisen-Optimiséierung
• Aféierung vun Allergenen
• Ënnerstëtzung bei Verdauungsproblemer & Ekzema

Wat s du konkret kriss:
✔️ En op däi Bebe ugepassten, evolutiven Iessplang
✔️ E klore Fuerplang fir d’Allergen-Aféierung
✔️ Kontinuéierlech Begleedung per Sproochnooriicht
✔️ Strukturéiert Ofschloss-Zesummefaassung

Net just Tipps.
Mee Kloerheet.

D’Plaze si limitéiert.
Mell dech elo 🤍

1000Deeg
Ganzheetlech Beikost, déi opbaut.

Tel: 621 555 416

Tëscht Verantwortung a Verzweiflung: D’Realitéit vu Famillje mat schwéier kranke KannerWéi liewen Elteren den Alldag mat...
24/04/2025

Tëscht Verantwortung a Verzweiflung: D’Realitéit vu Famillje mat schwéier kranke Kanner

Wéi liewen Elteren den Alldag mat engem schwéier kranke Kand? A firwat feelt zu Lëtzebuerg nach ëmmer eng Maison de Répit? Den Loutsch vun der ASBL une parenthèse https://www.facebook.com/profile.php?id=100072163152568

erzielt seng perséinlech Geschicht – a setzt e kritesche Bléck op e System, deen net fir jidderee funktionéiert.

1000deeg · Episode

📣 Sproochentwécklung ouni Drock 🎙️„Déi allermeescht Kanner léieren d'Sprooch ganz natierlech an hirem eegenen Tempo.“ - ...
01/04/2025

📣 Sproochentwécklung ouni Drock 🎙️

„Déi allermeescht Kanner léieren d'Sprooch ganz natierlech an hirem eegenen Tempo.“ - Inès Aertsen , Orthophonistin

Mee wat geschitt wierklech an deene wichtegen éischte Joren? Wéini soll ee sech Suergen maachen, wa Sätz net esou kommen, wéi erwaart?

Entdeckt den neien Artikel iwwert d’Sproochentwécklung bei Kanner op eisem Blog – a véier Sproochen!

https://www.1000deeg.com/post/ep48-sproochentwécklung-ouni-drock

🎧 Lauschtert d’Episod op:

Spotify: https://open.spotify.com/episode/2Z108ytOYvGPeiN897IImj?si=3Jaiv5NMRBCdMd2HPZyRDg

Apple Podcasts : https://podcasts.apple.com/lu/podcast/1000deeg/id1719112806?i=1000701540798

YouTube: https://www.youtube.com/watch?v=Fe40qFH_cng&list=PLCJfbyhY2u1ouopN4hwj-JnhJ2W6RCa1r

💬 Wat si mengt Dir? Wat sinn Är Erfarungen? Schreift eis gär e Kommentar oder deelt de Post!

Maxi Pesch

Wéi léiert e Kand iwwerhaapt ze schwätzen? Wat geschitt an deene wichtegen éischte Joren, wou souvill Fundamentales geléiert gëtt? A wéini sollt ee sech Suer...

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352621555416

Site Web

https://open.spotify.com/show/0qdq91nqa2PzmRDBOpADRP?si=ddb

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque 1000deeg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Type