
27/01/2025
An déiwer Trauer muss den Escher Conservatoire den Doud vu sengem fréieren Direkter Fred Harles matdeelen. De Fred Harles war vun 1978 bis zu senger Pensioun 2011 Direkter an huet 1973 d'Brass Band vum Conservatoire gegrënnt. De Conservatoire war seng Leidenschaft a mer wäerten hien ëmmer a gudder Erënnerung halen.
D'Direktioun an d'Personal vum Escher Conservatoire drécke senger Famill hiert déifste Matgefill aus.