Am Kanälli

Am Kanälli "Am Kanälli" ass eng nei Museksendung um lokale Radio "R.O.M." vu Miedernach. All éischte Méinden vum Mount ginn de Philippe an de Pol LIVE "on air".

An dat vun 6-8 Auer owes.

D'Playlist vu gëschter 🎶Déi éischt Stonn huet de Jemp eis Musekssendung mat senge Songs ugeräichert. Déi zweet Stonn sto...
02/06/2026

D'Playlist vu gëschter 🎶

Déi éischt Stonn huet de Jemp eis Musekssendung mat senge Songs ugeräichert. Déi zweet Stonn stoung ganz am Zeechen vum WAKE UP FESTIVAL zu Miedernach. Hei hate mir de Guy als Gespréichspartner fir e puer Annekdoten zum Dave Peyton zum Beschten ze ginn. Merci iech zwee fir de Besuch am Studio! 🧡

De Link zu de Lidder: https://open.spotify.com/playlist/6XQDCyfuMibrbBl2Jp9rXG?si=a0823396894c4f0c

Dese Méinden gi mir eis fir 29. Kéier Rendez-Vous "AM KANÄLLI". Mir hu wéi gewinnt ee bonte Mix aus neien Entdeckungen, ...
30/05/2026

Dese Méinden gi mir eis fir 29. Kéier Rendez-Vous "AM KANÄLLI". Mir hu wéi gewinnt ee bonte Mix aus neien Entdeckungen, onbekannte Schätz, Réckblécker an Tipps fir kommend Concerten am Gepäck. An dann ass jo do Enn des Mounts jo och nach ee Festival zu Miedernach, direkt iwwert dem Studio vum Radio R.O.M...WAKE UP! Wake Up Festival

Sou kann dir d'Sendung lauschteren:
- www.letzlisten.lu (Eng nei App fir lokal Radioen!)
- www.rom.lu (Live-Stream)
- 101,5 fm (Radio-Antenne)

https://fb.me/e/hj5xZkpax

26/05/2026

7LasT waren den 4. Mee bei eis "AM KANÄLLI". Hei kënnt dir den Interview mat hinnen nolauschteren, genausou wéi déi zwee Lidder, déi si live am Studio präsentéiert haten. Vill Spaaß a net vergiessen: FREE ROCK 'N' ROLL 😁🤘🎶

Hei den Iwwerbléck:

00:00:00 Interview Part 1
00:17:57: General Hardly (Live am Studio)
00:20:00 Interview Part 2
00:27:30: Vote For Me (Live am Studio)

Ee Réckbléck op den 28. Kanälli: Highlight war natierlech de Besuch vum Blue-ish am Studio! Merci dass du bis op Miedern...
15/05/2026

Ee Réckbléck op den 28. Kanälli: Highlight war natierlech de Besuch vum Blue-ish am Studio! Merci dass du bis op Miedernach getingelt bass, fir den Interview an déi zwee Stécker, déi's du live am Studio gespillt hues. 🚌🎶📻🎙

D'Playlist kann een wéi ëmmer hei nolauschteren: https://open.spotify.com/playlist/6XQDCyfuMibrbBl2Jp9rXG?si=e08d2305eaf14cb7

P.S. De nächsten Kanälli ass den 1. Juni. Da steet alles am Zeechen vum Wake Up Festival.

Déi zweet Live-Sendung am Mee a mir freeën eis op weidere Besuch am Studio! Des Kéier vum Blue-ish, enger jonker Singer-...
08/05/2026

Déi zweet Live-Sendung am Mee a mir freeën eis op weidere Besuch am Studio! Des Kéier vum Blue-ish, enger jonker Singer-Songwriterin hei aus Lëtzebuerg. Donieft erwaarden iech wéi ëmmer vill nei Kanälli-Sounds. Dofir: E Méinde 6 Auer: RADIO ROM aschalten!
🙂

https://fb.me/e/4stggbmH6

Hohoho! Dese Méinden, 4. Mee kënnt dir eis Museksendung « AM KANÄLLI » nees LIVE um Radio ROM empfänken.Mir hu wéi gewin...
01/05/2026

Hohoho! Dese Méinden, 4. Mee kënnt dir eis Museksendung « AM KANÄLLI » nees LIVE um Radio ROM empfänken.
Mir hu wéi gewinnt ee bonte Mix aus neien Entdeckungen, onbekannte Schätz, Réckblécker an Tipps fir kommend Concerten a Gepäck. Di zweet Halschent vun der Sendung kréie mir Besuch am Studio, an dat vun der Band 7LasT Ab 19 Auer poteren mir mat hinnen iwwer hier Musek a natierlech päsentéieren si och puer vun hiere Stécker.

Dofir net verpassen anzeschalten:
- Iwwert de Livestream vum Radio ROM: https://rom.lu/ (leider funktionéiert de Livestream net op all Endgerät)
- Iwwert d’Radiofrequenz 101,5 (funktionéiert just am Sendungsgebitt)
- Iwwert eng Radio-App fir den Handy, wéi z.B. Radios Luxembourg FM
- Iwwert verschidden Web-Links, wéi z.B. wéi z.B. https://radioly.app/radio/lu.rom1065/

Adresse

Radio ROM. 28, Rue Savelborn. L-7660 Medernach
Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Am Kanälli publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager