Miersch TV

Miersch TV MierschTV ass de lokale Fernseh vun der Gemeng Miersch. All zwou Woche fann der hei op Facebook déi

31/12/2023

Tɪᴍᴇ ᴛᴏ sᴀʏ ɢᴏᴏᴅʙʏᴇ - Zᴀ̈ɪᴛ ғɪʀ Äᴅᴅɪ ᴢᴇ sᴏᴇɴ

Nᴏ 5 Jᴏᴇʀ ᴀɴ ɪᴡᴡᴇʀ 100 Eᴍɪssɪᴏᴜɴᴇɴ ɢᴇ̈ᴛᴛ ᴇᴛ ᴇᴇ Cʜᴀɴɢᴇᴍᴇɴᴛ ʙᴇɪ Mɪᴇʀsᴄʜ TV. Dᴇ Fʀᴀɴᴋ Kᴜғғᴇʀ (Lᴏᴄᴀʟ Lᴜx TV) ʜᴜᴇᴛ ᴀᴍ Sᴜᴍᴍᴇʀ ᴅᴇᴄɪᴅᴇ́ɪᴇʀᴛ ᴅᴇ Kᴏɴᴛʀᴀᴋᴛ ɴᴇᴛ ᴢᴇ ᴠᴇʀʟᴀ̈ɴɢᴇʀᴇɴ. Mɪᴇʀsᴄʜ TV ɢᴇᴇᴛ ᴀᴡᴇʀ ɴᴀᴛɪᴇʀʟᴇᴄʜ ᴡᴇɪᴅᴇʀ. Mᴇʀᴄɪ ғɪʀ ᴅᴇ́ɪ ʟᴇsᴄʜᴛ 5 Jᴏᴇʀ. Bᴏɴɴᴇ Cʜᴀɴᴄᴇ ᴅᴇɴ Nᴏғᴏʟɢᴇʀ.

🎇2023 ass geschwë Geschicht, mä wat war alles esou lass an der Gemeng Miersch an deem Joer 2023 ? 🗓

📽 Mir weisen Iech dat an engem méi laange Video, wou mer all d'Reportage vu Miersch TV aus dem Joer 2023 nach eng Kéier kuerz R***e passéiere loossen.

Vill Spaass beim Kucken a fir dat neit Joer nëmmen dat Allerbescht fir Iech all !

Mierscher Kulturhaus DT Recken/Miersch FC Marisca Miersch Geschichtsfrënn vun der Gemeng Miersch Mierscher Musek Mierscher Grondschoul Aal Lanzen Miesdrëf Pëtten Essen Duerfsieschter Miesdref Pëtten Essen Jugend Miesdrëf Petten Essen Mediabox

15/12/2023

🗓 D'Joer 2023 ass geschwë gelaf an et heescht also zeréck an och no vir op 2024 kucken. Mir maachen dat wéi der dat gewinnt sidd an engem méi laange Reportage mam Mierscher Buergermeeschter. Mir ware mam Michel Malherbe ënnert anerem do, wou den neie Sport-Site hikënnt an och bei d'Terraine fir déi regional Industriezon. Vill Spaass beim Réck- an Ausbléck.

30/11/2023

D'Kanner stinn am Mëttelpunkt vun der Emissioun vun Enn November

Um Dag vum Bam kréien d'Kanner, déi dat Joer virdrun, also 2022, op d'Welt komm sinn, traditionell ee Bam gesat, dëst Joer eng Lann. A ganz vill vun de klenge Butze waren dann och mat hiren Eltere bei hire Bam komm.

Wann d'Kanner méi grouss si geet et an d'Schoul mä dacks och an de Veräin. D'Maison Relais an der Nic Welter Schoul bréngt d'Kanner aus der MR an d' Veräiner. Eng flott Initiative fir d'Kanner, d'Elteren an natierlech och fir d'Veräiner.

15/11/2023

🪦 D'Nazi-Occupatioun am zweete Weltkrich ass eng Zäit, déi ni däerf vergiess ginn an dofir ass den Nationale Commemoratiounsdag am Oktober ganz wichteg. D' Gemeng Miersch an eng ganz engagéiert Ekipp ronderëm den Erny Kohn ënnersträicht déi Wichtegkeet all Joer mat engem Film vun engem Schicksal aus der schwéierer Zäit op eng ganz besonnesch Manéier.
De Sully Prud'homme huet dëse Reportage fir Miersch TV realiséiert.

Am zweete Reportage vun der Emissioun huel mer Iech mat op d'Aweiung vun der EIMAB - École internationale Mersch Anne Beffort, der internationaler Schoul zu Miersch. D'Ministere François Bausch a Claude Meisch hunn dat renovéiert an erweidert Gebai, dat eng 100 Joer al Geschicht huet, ageweit.

31/10/2023

🎉 Mir feieren an der Emissioun vum 31.10.2023 :

🗳 Fir d'éischt feiere mer déi nei gewielte Gemengeréit vu Miersch an dat bei enger flotter Ovatioun, déi vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme organiséiert gouf.

🎭 Duerno feiere mer 20 Joer Mierscher Kulturhaus a presentéieren Iech de Programm vun der Saison 2023/2024

Vill Spaass beim Kucken

15/10/2023

🎉 Zwee flott Volleksfester weise mer Iech an der Emissioun vu Mëtt Oktober :

​🎠 Kiermes wéi fréier heescht et zanter dem leschte Joer zu Miersch. Aus enger Kiermes, déi den Numm net méi richteg verdéngt hat, ass elo erëm ee richteg flott, a virun allem bëssen anert Fest ginn.

🎃 Traditioun huet schonn der Kürbis-Weekend zu Biereng an deen hat och dëst Joer bei guddem Wieder erëm ganz vill Leit aus dem ganze Land ugezunn.

Merci fir d'Kucken an DEELEN !

30/09/2023

Zwou grouss Manifestatioune sinn traditionell um Schluss vun der Summervakanz an der Mierscher Gemeng :

👉 Den Eenelter Maart ass schonn déi 15te Kéier zu Recken organiséiert ginn a wéi gewinnt war dëse Maart vum Dëschtennis Recken ee ganz groussen Erfolleg

👉 Och bei der Randonnée du Centre 🚴‍♀️ hunn erëm ganz vill Cycliste matgemaach an sech op de Wee fir déi 40 oder 80 km gemaach. A Miersch TV war mat der Kamera mattendran.

15/09/2023

👋 Mir soen an dëser Emissioun zweemol Äddi a Merci :

💼 De Léon Wantz, de Sekretär vun der Gemeng Miersch , ass viru kuerzem an d'Pensioun gaangen an dat no iwwer 40 Joer trei Déngschter. Mir waren op engem vu senge leschte Schaffdeeg bei de Léon op de Büro.

🚴‍♂️ Duerno soe mer dann enger flotter Manifestatioun Äddi, wëll d'Organisateure vum "Alles op de Vëlo tëscht Mamer a Miersch" hunn decidéiert, dass no 25 Joer soll Schluss sinn. Mir waren op der leschter Editioun mat Vëlo a Kamera derbäi.

31/08/2023

Mir kucken Enn August op e puer Manifestatioune vu virun der Vakanz zeréck :

🏫 Mir huelen Iech mat op d'Schoulfest vum Cycle 1 wou bei ganz villen Atelieren a Spiller ganz vill gebuede gouf

🏰 Duerno gi mer dann op dat 40t Schlassfest zu Schëndels

🔥 A fir ofzeschléissen huet den Henri Krier eis puer Biller vum Camp vun de LGS vu Miersch mat bruecht

Vill Spaass beim Kucken a Merci dem Heng fir d'Biller

31/07/2023

📸 Zwou Manifestatioune bei beschtem 🌞 Wieder presentéiere mer Iech an der Emissioun vun Enn Juli :

🛒 D'Union Commerciale hat op hir traditionell Braderie invitéiert an op deene ganz ville Stänn gouf et natierlech vill gutt Affären ze maachen.

🏰 D'Duerfsieschter vu Miesdref, Pëtten an Essen hunn aus hirem Schlassfest ee Schlassmaart gemaach an déi éischt Editioun konnt sech weise loossen an deem flotte Kader vum Pëttener Schlass.

Miersch TV mécht Mëtt August Paus an ass dann Enn August erëm fir Iech do.

Merci fir d'Kucken a Merci wann der d'Emissioun géift mat äre Frënn deelen.

15/07/2023

🎉 Groussherzogsgebuertsdag an de Gebuertsdag vum Kannerduerf feiere mer an dëser Emissioun

🇱🇺 D'Festivitéite fir Nationalfeierdag haten erëm ganz vill Leit op Miersch gezunn an och wann d'Wieder net 100 Prozent matgespillt huet, war et ee ganz flott Fest.

🎂 Zanter 55 Joer scho gëtt et d'Mierscher Kannerduerf an dat gouf dëst Joer um Summerfest esou richteg gefeiert.

🙏🏽 Merci fir d'Kucken a 🙏🏽 Merci fir d'Deelen !

Adresse

Luxembourg

Téléphone

+352621451802

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Miersch TV publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Miersch TV:

Partager