
22/09/2023
DOFIR AFIR EN DEIREN ASYLAM NORDEN KÄMPFEN ECH MAT MENGER PARTEI
Léif Frënn vun déi Konservativ,
Dir wësst, datt sech eis Partei och fir e neit & staarkt Déiereschutzgesetz engagéiert - a seet STOP zur Diskriminéierung vun de Lëschtemuppen! 🦮🐕🦺✊
Lëschtenhënn, si Mupperassen, wou Haltung an Ëmgang, spezifesch reglementéiert sinn. Allerdéngs ass et och zugläich, eng ëmmer méi grouss Diskriminéierung vum Hond, an eng ëmmer méi grouss Schikan fir de Muppebesëtzer. Wéi awer bei all Liewewiesen, a net just beim Mënsch, mä och all Deier, besteet ëmmer e gewëssent, potentiellt Risiko - sief et, well d'Déier falsch gehale gëtt, falsch erzunn oder schlecht behandelt gëtt.
Dat mécht also an éischter Linn, net de Mupp zur direkter Gefor, mä säin Halter mat sengem Savoir-Vivre a Verhalens an- Ëmgangsmuster, d'Erzéiung ass de wichtegste Schlëssel, fir e gudde, braven an treie Mupp! Et ass falsch, d'Déier unzekloen, a net säin Häerschen, dee mat falschen Zwecker an Intentiounen fiert, a kloer géint den Déiereschutz verstéisst- an entspriechend bestroft gi muss!
Bei vill anere Muppen ass esou e Permis oder Wiesenstest net néideg, obwuel och hei, en Déier ouni aartegrecht Haltung, sécherlech seng Muppepersonnalitéit ervirbréngt, an e Muppecharakter virweist, deen e Spiggelbild vu sengem Häerschen ass, a net ongär, och zu engem méi agressive, geféierlechen an/oder sougenannte "Kampfhond" gëtt.
Wisou gi mat souvill Oplagen, Déierefrënn gestroft, déi sech en toute connaissance de cause an am Aklang mat de Reegele, fir esou e Lëschtenhond verpflichten? A wisou mengt d'Regierung wieren eis Déierenasyler voll, well doduerch kee sech méi un eng Hondshaltung vu sou Muppen traut?
En neit an iwwerschafftent Déiereschutzgesetz ass längst iwwerfälleg, ma den Interessi ass vu politescher Säit net do. Mä eis Déierefrënn sinn iwwregens och är Wieler, léif Regierung, a wetten, och si denken an de Chamberwalen un Iech, just net esou wéi dir mengt?
déi Konservativ