Méi wéi Sex

Méi wéi Sex De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper - 3.

Staffel, all 2ten Freiden um 15h & dënnstes 18h op Radio ARA (102,9 & 105,2 FM) an op sexpodcast.lu, Spotify, Youtube & Apple Music.

🎙️ Neie Rhythmus!Bis elo gouf et all zwou Woche Freides eng nei Episod an eng Rubrik.Vun elo uns heiere mir eis all Frei...
18/09/2026

🎙️ Neie Rhythmus!

Bis elo gouf et all zwou Woche Freides eng nei Episod an eng Rubrik.
Vun elo uns heiere mir eis all Freiden! Ofwiesselend eng Woch eng nei Episod, déi aner Woch eng nei Rubrik. 🔄

📻 Um �🌐 Op s*xpodcast.lu�🎧 Op Spotify an iwwerall do, wou et Podcasts gëtt

*x *xualhealthmatters *xed

Et ass wichteg Pleséier an de Fokus vu s*xuellen an intime Bezéiungen ze setzen (also alles wat sech gutt ufillt). Elo a...
17/07/2026

Et ass wichteg Pleséier an de Fokus vu s*xuellen an intime Bezéiungen ze setzen (also alles wat sech gutt ufillt). Elo ass d’Fro: wei maache mir an eisem Liewe Platz fir Pleséier — wa mer esou vill aner Saachen ze dinn hunn, déi wichteg sinn?!

Hei benotzt d’Emily Nagoski a sengem Buch “Come Together” eng Metapher: the emotional floorplan. Eisen emotionale Grondrëss besteet aus 9 verschiddenen Raim. Dëse Plan ze kënne kann hëllefen ze verstoen, wéi mer an dee Raum kommen, wou mer s*xuelle Pleséier erliewen!

Du wëlls wëssen, wat deng 9 emotional Raim sinn a wou de Pleséier wunnt? Dann lauschter eran an d’Rubrik vun dëser Woch 🎧

Du fënns dës Rubrik an all d’Episoden op Spotify, ITunes an op s*xpodcast.lu ✨

*x *xpodcast *xpodcastluxembourg

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heteros*xueller R...
10/07/2026

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heteros*xueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu q***re Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.

De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi S*x hunn den 11. Juni dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Q***r Perspektiven op d’Menstruatioun invitéiert. D’Ekipp vu Méi Wéi S*x a Rosa Lëtzebuerg hunn hir Gäscht mat op eng Rees duerch q***r Menstruatiounserfarungen geholl. D’Diskussiounsronn gouf opgeholl an gëtt um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi S*x ausgestraalt.

Dësen Event gouf am Kader vun der Ausstellung Et Leeft organiséiert. D’Ausstellung ass nach bis de 19. Juli 2026 am Luxembourg City Museum ze gesinn.

An der Rubrik schwätzt Kelly iwwer den emotional Floorplan.

Du fënns d’Episoden an d’Rubriken iwwerall wou et Podcasts gëtt an op s*xpodcast.lu 🌟

*x *xeducati̇on *xpositivity

An eiser letzter Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink.Du fënns dës Rubrik an all d’Episoden op Spotify, iTunes an o...
07/07/2026

An eiser letzter Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink.

Du fënns dës Rubrik an all d’Episoden op Spotify, iTunes an op s*xpodcast.lu ✨

*x *xpodcast *xpodcastluxembourg

Mir hunn a Méi Wéi S*x scho vill iwwer S*xualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Them...
26/06/2026

Mir hunn a Méi Wéi S*x scho vill iwwer S*xualitéit a verschiddenen Zoustänn geschwat, mee wat ass amfong matt engem Thema wat vill Leit betrëfft, a grad q***r Mënschen iwwerduerchméisseg ugeet: Psychopharmaka. Dës Medikamenter, déi fir psychesch Diagnosen verschriwwen ginn, si wäit verbreedt a wierken sech op d’chemesch Balancen an eise Gehirer a Kierperen aus. Mee wéi ass et amfong, fir sou Medikamenter ze huelen, a wéi affektéiert dat d Bezéiung zu S*xualitéit a Kierper?
Den Elie, Lynn a Robin ginn an dëser Episod op dës Themen an a verzielen vun hiren Erfahrungen mat hire respektive Medikamenter.

An der Rubrik schwätzt den Elie iwwer Neuro Kink.

Du fënns d’Episoden an d’Rubriken iwwerall wou et Podcasts gëtt an op s*xpodcast.lu 🌟

*x *xeducati̇on *xpositivity

Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just S*x!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir ...
12/06/2026

Et ass ee Saz, deen nawell dacks am Podcast fält: „Et ass just S*x!“ Mä wat menge mir eigentlech genee domadder, wa mir dat soen? D*e Robin an de Joël ginn där Fro op de Grond. Hir Diskussioun fänkt an hirer Jugend un, wou d’Gefill, een*eng „Nachzügler*in“ ze sinn, fir vill Drock gesuergt huet. Et geet weider iwwert Net-Monogamie bis hin zu Feststellung, datt S*x heiansdo eben dach net „net just“, mä éischter méi wéi S*x ass.

An der Rubrik erkläert d’Ella eis, wat d’ILGA Rainbow Map ass a wisou de Ranking vu Lëtzebuerg sech an deene leschte Jore verschlechtert huet.

Du fënns d’Episoden an d’Rubriken iwwerall wou et Podcasts gëtt an op s*xpodcast.lu 🌟

*x *xeducati̇on *xpositivity

Du wëlls kee Spotify méi an trotzdem wéider Méi wéi S*x lauschteren?You’re in luck! Mir sinn op villen aneren Plattforme...
04/06/2026

Du wëlls kee Spotify méi an trotzdem wéider Méi wéi S*x lauschteren?

You’re in luck! Mir sinn op villen aneren Plattformen ze fannen!

Wann dir Méi wéi S*x gefällt, gëff eis eng gutt Bewertung op denger Podcast-App! Als s*x ed Podcast hu mir et leider schwéier – nach besser wéi Stären an Reviews ass Mondpropaganda: Ziel dengen Friends, Kolleg*innen an Feind*innen vun eis!

*x *xpodcast

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi k...
29/05/2026

Bezéiungen a Plënneren si sou eng Saach: wann eng Persoun plënnert, kann dat gäre mol villes op de Kapp stellen. Dobäi kann et sech natierlech ëm zwee Szenarioen handlen: entweder gëtt eng Fernbezéiung zur Nobezéiung, oder eng Nobezéiung zur Fernbezéiung. De Joël huet aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung gemaach, an Robin huet mat senger leschter Plënneraktioun net nëmmen aus senger Nobezéiung eng Fernbezéiung gemaach, mee och aus senger Fernbezéiung eng Nobezéiung. An dëser Episod diskutéieren si, wéi een*t dës Plënnerdécisiounen zesummen oder alleng maache kann, wat dat mat enger Bezéiung maache kann a wéi een*t déi Transitioun eventuell manner schwéier mëcht.

An der Rubrik erklärt den Elie, wat Fi***ng ass a wéi een*t dat am beschten ugeet.

Du fënns d’Episoden an d’Rubriken iwwerall wou et Podcasts gëtt an op s*xpodcast.lu 🌟

*x *xeducati̇on *xpositivity

Wat ass de Loscht Imperativ — a firwat ass dat Quatsch?De Loscht Imperativ (engl. desire imperative) ass eng kulturell E...
22/05/2026

Wat ass de Loscht Imperativ — a firwat ass dat Quatsch?

De Loscht Imperativ (engl. desire imperative) ass eng kulturell Erzielung, déi beseet, dat spontan Loscht dee wichtegste Moossstab fir s*xuelle Funktionsfähigkeet ass. Des spontan Loscht muss een net plangen oder virbereeden: se kennt scheinbar reegelméisseg an automatesch „aus dem Näischt“. An wann een net vun Ufank un (an déi ganz Bezéiung iwwer) des spruddelege Verlaangen no s*xueller Intimitéit mat senger Bezéiungspersoun spiert, da stemmt anscheinend eppes net?!

Dat dat déi richteg oder eenzeg Aart a Wei wier, stemmt natierlech NET a setzt vill Leit onnéidegen ënner Drock. Dofir schwätzt Kelly an der Rubrik vun dëser Woch iwwer ënnerschiddlecher Aarte vu Loscht (nämlech: sponaneous desire a reactive desire) a virun allem doriwwer, firwat mir sollte Pleséier (!!!) zentréiere fir laangfristeg zefridde s*xuell Bezéiungen ze féieren.

(Quelle: Kapitel 2 vum Buch “Come Together” vum Emily Nagoski)

Du fënns d’Episoden an d’Rubriken iwwerall wou et Podcasts gëtt an op s*xpodcast.lu 🌟

*x *xeducati̇on *xpositivity

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heteros*xueller R...
19/05/2026

Menstruatioun ass fir vill Leit oft nach e rengt Fraentheema – an dat ganz bewosst am Zesummenhang mat heteros*xueller Reproduktioun. Dobäi mécht dee Framing awer d’Erliefnesser vu q***re Fraen, trans an inter Persounen onsiichtbar.

De Lëtzebuerg City Museum, Rosa Lëtzebuerg a Méi Wéi S*x invitéieren dofir op eng Table ronde mam Titel Och bei eis leeft et – Q***r Perspektiven op d’Menstruatioun. D’Ekipp vu Méi Wéi S*x a Rosa Lëtzebuerg wëllen hir Gäscht mat op eng Rees duerch q***r Menstruatiounserfarungen huelen. D’Diskussiounsronn gëtt opgeholl an dann um Radio ARA an op de Plattforme vu Méi Wéi S*x ausgestraalt.

Winni? 11. Juni - 18:00
Wou? Lëtzebuerg City Museum (14, rue du Saint-Esprit
L-1475 Luxembourg)

Mell dech lo un iwwer [email protected] oder +352 4796 4500

Adresse

4, Place Des Rotondes
Luxembourg
2448

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Méi wéi Sex publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Type