04/06/2026
✨ Zréck bei sech selwer ukommen
No sengem Wee duerch déi verschidden Etappen am Liewenshaus kënnt d’Tina bei d’Nathalie. Hei fänkt alles mee mat Sécherheet un.
Am Ufank geet et drëms unzekommen: sech am Raum ze orientéieren, de Sëtz ze spieren, sech gehale ze fillen. An engem rouegen a geschützte Kader däerf d’Tina einfach sinn ouni Drock an ouni Erwaardungen.
An senger Aarbecht schafft d’Nathalie mat somateschen Usätz wéi Somatic Experiencing, Ego-State-Therapie an nervensystemescher Integratioun. Dobäi steet net d’Analys am Mëttelpunkt, mee dat, wat am Moment präsent ass: kierperlech Sensatiounen, Gefiller, Gedanken oder Biller.
Lues a lues léiert d’Tina, dës Signaler fir d’éischt einfach emol ze spieren. Vill geschitt dobäi iwwer Co-Regulatioun am Kontakt mam Nathalie. Sou kann d'Spannung sech ofbauen an d'Nervesystem erëm e Gefill vu Sécherheet entwéckelen.
Mat der Zäit entsteet eng nei Fro:
💭 Wéini sinn ech esou, wéi ech mech wierklech gären spieren?
Et geet drëms, erëm ze spieren, sech selwer besser kennenzeléieren an a klenge Schrëtter zréck bei sech selwer ze fannen.
D’Nathalie bitt virun allem individuelle Coaching un, dee sech un de Besoinen an dem Tempo vun all Persoun orientéiert. Sou entsteet e perséinleche Wee, deen nohalteg Verännerung a méi Verbindung mat sech selwer erméiglecht.
Kontakt:
☎️ +352 621 155 868
✉️ [email protected]