Editions Guy Binsfeld

Editions Guy Binsfeld Premier éditeur de guides touristiques au Luxembourg, éditeur de référence en matière de beaux livres

04/08/2026

Net méi laang! No der Summervakanz ass se endlech do, eis laang erwaarte Grousi Grüffelo. 🐾

Bestellt dat neit Buch elo scho vir a kritt et matzäite bei är Dier! 📘🏡

Haut géife mer dem Henri Losch säi 95. Gebuertsdag feieren. Dëse waarmhäerzege Mann vu Welt huet eis viru bal 5 Joer fir...
16/07/2026

Haut géife mer dem Henri Losch säi 95. Gebuertsdag feieren.

Dëse waarmhäerzege Mann vu Welt huet eis viru bal 5 Joer fir ëmmer verlooss, mee a senge Bicher lieft hie weider. Et si Geschichten aus engem fréiere Lëtzebuerg, déi een an eng aner Zäit zréckversetzen, déi ee Gefill vun Heemecht a sech droen – mat vill Humor an och e bësse Selbstironie.

Gitt emol hei luussen: https://editionsguybinsfeld.lu/de/author-information/henri-losch/

Stories unter dem Kirschbaum, mit Nora Wagener und Elise Schmit – Ein literarischer Abend mit Kurzgeschichten, vorgetrag...
14/07/2026

Stories unter dem Kirschbaum, mit Nora Wagener und Elise Schmit – Ein literarischer Abend mit Kurzgeschichten, vorgetragen im Garten des Naturmuseums.

Nora Wagener liest Auszüge aus ihrem Buch „Die Sperber-Bussard-Frage“.

Dënschden, 21.07
18:30 - 19:30 Auer
„Ënnert dem Kiischtebam“, nieft dem MNHN

Liesung vum Nora Wagener an Elise Schmit / Moderation: Robert Weis

Eintritt gratis, Anmeldung erfolderlich

Sichern sie sich ihre Tickets jetzt!

09/07/2026

Vergraff! 🦊Dem Jean de la Fontaine seng Fabelen , iwwersat vum Pe'l Schlechter si vergraff, wann der net nach een anert Buch vum Pe'l –dem eelsten Auteur aus ganz Lëtzebuerg – wëllt verpassen, da maacht iech léiwer bäi!

Next step: UNI! 🎉Gläich fänkt d'Schoulvakanz un a fir vill Jugendlecher een neie Liewensofschnëtt. – Grad wéi fir d'Liv,...
07/07/2026

Next step: UNI! 🎉

Gläich fänkt d'Schoulvakanz un a fir vill Jugendlecher een neie Liewensofschnëtt. – Grad wéi fir d'Liv, fir dat an „Alive“ vum no der Première dat turbulent Studenteliewen zu Paräis ufänkt, mat neie Frëndschaften, ville Emotiounen an e puer Geheimnisser.

📚 Entdeckt dëst Buch, grad wéi den éischte Band „Koma21“ an eisem Shop!

🧷 Link an der Bio.

„Sou ee Buch misst ech eng Kéier schreiwe kënnen!“ – Wéi ee Buch dat ass a wat de Jhemp Hoscheit soss nach iwwert säi Li...
03/07/2026

„Sou ee Buch misst ech eng Kéier schreiwe kënnen!“ – Wéi ee Buch dat ass a wat de Jhemp Hoscheit soss nach iwwert säi Liewen a Schreiwe verzielt, fannt et eraus am Podcast RTL-Afterwork a loosst iech dozou inspiréieren duerch seng Bicher an déi vergaangen Zäiten zréck ze reesen! Dir fannt dës an anerer wéi gewinnt an eisem Shop. Link an der Bio.

„E klassescht Guy-Rewenig-Buch“ – Wann der dëse Klassiker-Auteur nach net kenne sollt, da maacht iech séier an eise Shop...
02/07/2026

„E klassescht Guy-Rewenig-Buch“ – Wann der dëse Klassiker-Auteur nach net kenne sollt, da maacht iech séier an eise Shop a kuckt iech seng Wierker un! Merci dem Claire Barthelmy an der .lu fir dës Rezensioun zum Buch „Babyphone“ vum Guy Rewenig!

🔗 editionsguybinsfeld.lu/de/shop/babyphone/

📢 Ofgesot! ❌ Opgrond vun der Canicule ass d’Liesung dëse Samschden, 27.06 zu Biwer am Kader vu Kultur am Gaart ofgesot. ...
22/06/2026

📢 Ofgesot! ❌ Opgrond vun der Canicule ass d’Liesung dëse Samschden, 27.06 zu Biwer am Kader vu Kultur am Gaart ofgesot. Dësen Event soll zu engem spéideren Datum nogeholl ginn. Passt op iech op!

📘Kultur am Gaart🌳– Kommt de Samschdeg, de 27. Juni an de Gaart hannert der Gemeng zu Biwer a lauschtert d’ Martine Schoellen an säi Päddi Mc Pättchen! Entdeckt dës an nach weider Aventurë vum Julia Donaldson an Axel Scheffler.

Fir Kanner tëschent 3 an 9 Joer. 👦👧
D’Entrée ass fräi.

Dir kënnt d’Bicher wärend der Manifestatioun op der Plaz kafen oder iwwer eise Webshop! 👇
🔗Link an der Bio

Viv de Grand-Duc a mat him d’Lëtzebuerger Vollek!🇱🇺Fir Nationalfeierdag proposéiere mir Iech e puer Bicher, déi Iech dës...
22/06/2026

Viv de Grand-Duc a mat him d’Lëtzebuerger Vollek!🇱🇺
Fir Nationalfeierdag proposéiere mir Iech e puer Bicher, déi Iech dëst kleng Land am Häerze vun Europa méi no bréngen:

🗺️ „Discover“ ass ee Bildband, deen déi schéinste Plaze vum Land festhält;

🌟 „Wooow Luxembourg !!!“ erkläert Klengen a Grouss d’Land a seng Traditiounen,

🍽️ an „E Maufel Lëtzebuerg“ zaubert Iech d’Landeskichen direkt heem an d’Stuff!

🔗D'Link zu eisem Shop ass an der Bio!

Vakanz!!! Nach net, mee ganz geschwënn.Maacht dem Léierpersonal eng kleng Freed mat engem Buch! 👨‍🏫Eng grouss Auswiel u ...
16/06/2026

Vakanz!!! Nach net, mee ganz geschwënn.

Maacht dem Léierpersonal eng kleng Freed mat engem Buch! 👨‍🏫

Eng grouss Auswiel u Literatur 📚 fannt der bei eis um Site, fir sech a Rou vum laange Schouljoer ze erhuelen, oder wéi wier et mat engem (klengen oder grousse) Guide, fir e bëssen opgestauten Energie rauszeloossen? 🥾🌳

Link zu eisem Shop
👉 https://editionsguybinsfeld.lu

Adresse

14, Place Du Parc
Luxembourg
2313

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 12:30
13:30 - 17:00
Mardi 08:00 - 12:30
13:30 - 17:00
Mercredi 08:00 - 12:30
13:30 - 17:00
Jeudi 08:00 - 12:30
13:30 - 17:00
Vendredi 08:00 - 12:30
13:30 - 17:00

Téléphone

+3524968681

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Editions Guy Binsfeld publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager

Type