radio 100,7

radio 100,7 De Radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio vu Lëtzebuerg a steet fir onofhängeg Informatiounen, interessant Kulturbäiträg a gutt Musek.

We are hiring!Den 100,7 sicht dech! Direkt 3 Positiounen an eiser Ekipp sinn oppe fir Kandidaturen:- Expert:in Kommunika...
13/08/2026

We are hiring!
Den 100,7 sicht dech! Direkt 3 Positiounen an eiser Ekipp sinn oppe fir Kandidaturen:

- Expert:in Kommunikatioun (40h, CDI)
- Expert:in Marketing (40h, CDI)
- IT Support Technician (40h, CDI)

Mir bidden dir en Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) an e Salaire mat attraktive Perspektiven. An et vergeet kaum eng Woch, bei där s du net eppes Neies léiers oder u spannende Projete schaffs.

Interesséiert?
D'Job Postings am Detail fënns du op 100komma7.lu


D’Bloalge sinn dëst Joer zwar méi spéit un, mee dat wier awer net ongewéinlech, seet den Tom Bechet vun der Waasserverwa...
13/08/2026

D’Bloalge sinn dëst Joer zwar méi spéit un, mee dat wier awer net ongewéinlech, seet den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung. Wéinst der Presenz vu Bloalgen ass et um Stauséi bei de Plagë Buerfelt a Rommwiss verbueden, schwammen ze goen. Fir de Rescht vum Stauséi gëllt aktuell eng Pré-Alerte.

D’Bloalge sinn dëst Joer zwar méi spéit un, mee dat wier awer net ongewéinlech, seet den Tom Bechet vun der Waasserverwaltung. Wéinst der Presenz vu Bloalgen ass et um Stauséi bei de Plagë Buerfelt a Rommwiss verbueden, schwammen ze goen. Fir de Rescht vum Stauséi gëllt aktuell eng Pré-A...

Theoreetesch ass d’Mediatioun tëschent der CNS an der AMMD nach am gaangen. Den Delai leeft haut um Mëtternuecht of. Mee...
13/08/2026

Theoreetesch ass d’Mediatioun tëschent der CNS an der AMMD nach am gaangen. Den Delai leeft haut um Mëtternuecht of. Mee de facto ass se gescheitert. D'Dokteschassociatioun hätt sech verpokert, mengt de Carlos Pereira aus dem CNS-Verwaltungsrot.

Lauschtert de ganzen Interview hei: https://tinyurl.com/4ev4xmn9

De ganze Radio 100,7 wënscht Iecht e gudde Start an den Dag!🚛 ⚡ Infrastrukture fir elektresch Camionen an aner grouss Ge...
13/08/2026

De ganze Radio 100,7 wënscht Iecht e gudde Start an den Dag!

🚛 ⚡ Infrastrukture fir elektresch Camionen an aner grouss Gefierer sollen erweidert ginn - Ouni Infrastruktur kéint een d’Dekarboniséierung vu Gefierer wéi Camionen, Camionnetten oder Bussen net adäquat virundreiwen, esou den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles.
https://tinyurl.com/bdfd7yc7

🇩🇪 🛥️ Niddregwaasser an Europa: Wéi kann een d'Liwwerketten oprecht erhalen? - An Däitschland hu Bund a Länner weider Mesurë geholl fir trotz den nidderege Waasserstänn d’Liwwerketten oprecht ze erhalen.
https://tinyurl.com/3k9h2u6y

🇪🇺 D'EU a weider 26 Länner verurteelen d'Hiriichtunge vun Demonstranten am Iran - An enger gemeinsamer Erklärung gëtt kritiséiert, datt d'Doudesstrof agesat géif gi fir Kritiker:inne roueg ze stellen. Dofir fuerderen d'Länner den Iran op, d'Doudesstrof direkt net méi unzewenden.
https://tinyurl.com/a9mwsds3

D'Gewënnerland vum ESC dierf de Museksconcours an Zukunft net méi organiséieren, wann en arméierte Konflikt oder eng uge...
12/08/2026

D'Gewënnerland vum ESC dierf de Museksconcours an Zukunft net méi organiséieren, wann en arméierte Konflikt oder eng ugespaante geopolitesch Situatioun d'Sécherheet oder d'Stabilitéit am Land oder an der direkter Regioun beanträchtegt. D’EBU huet haut entspriechend nei Regeele publizéiert.

An engem Bréif un d’Regierung, d’CNS an d’AMMD appelléieren d'Spidolsdokteren un all Bedeelegt, nees zesummen ze fannen....
12/08/2026

An engem Bréif un d’Regierung, d’CNS an d’AMMD appelléieren d'Spidolsdokteren un all Bedeelegt, nees zesummen ze fannen. Déi eenzeg Léisung wier e Kompromëss, esou hir Presidentin Monique Reiff. Well an enger Saach wier ee sech absolut eens, an zwar, "datt mir net der selwechter Meenung sinn".

An engem Bréif un d’Regierung, d’CNS an d’AMMD appelléieren d'Spidolsdokteren un all Bedeelegt, nees zesummen ze fannen. Déi eenzeg Léisung wier e Kompromëss, esou hir Presidentin Monique Reiff. Well an enger Saach wier ee sech absolut eens, an zwar, "datt mir net der selwechter Meenung s...

Déi aktuell Dréchent an dat waarmt Wieder sinn däitlech Unzeeche vun enger Klimakris. Mee wéi reagéiert d'Politik dorop?...
12/08/2026

Déi aktuell Dréchent an dat waarmt Wieder sinn däitlech Unzeeche vun enger Klimakris. Mee wéi reagéiert d'Politik dorop? Den CSV-Deputéierte Paul Galles, President vun der Ëmweltkommissioun an der Chamber, mengt net, datt jiddereen den Eescht vun der Situatioun erkannt huet.

Lauschtert de ganzen Interview hei: https://tinyurl.com/3nt9ywbf

An Italie wieren zwee Lëtzebuerger festgeholl gi wéinst dem Virworf vun Doudschlag vun engem Mann. Dat huet déi bekannte...
12/08/2026

An Italie wieren zwee Lëtzebuerger festgeholl gi wéinst dem Virworf vun Doudschlag vun engem Mann. Dat huet déi bekannten italieenesch Sportszeitung La Gazetta dello Sport gëschter gemellt. Et géif sech ëm een 22 Joer ale Rugby-Nationalspiller a säi 24 Joer ale Brudder handelen.

An Italie wieren zwee Lëtzebuerger festgeholl gi wéinst dem Virworf vun Doudschlag vun engem Mann. Dat huet déi bekannten italieenesch Sportszeitung La Gazetta dello Sport gëschter gemellt. Et géif sech ëm een 22 Joer ale Rugby Nationalspiller a säi 24 Joer ale Brudder handelen.

Haut steet eng partiell Sonnendäischtert un. Méi dozou gitt Dir an eisem Moies-Update gewuer.🇮🇹 🇱🇺 Lëtzebuerger Rugby- N...
12/08/2026

Haut steet eng partiell Sonnendäischtert un. Méi dozou gitt Dir an eisem Moies-Update gewuer.

🇮🇹 🇱🇺 Lëtzebuerger Rugby- Nationalspiller an Italie festgehol: Virworf vun Doudschlag - An Italie wieren zwee Lëtzebuerger festgeholl gi wéinst dem Virworf vun Doudschlag vun engem Mann. Dat huet déi italieenesch Sportszeitung La Gazetta dello Sport gëschter gemellt.
https://tinyurl.com/bdefmpup

🌒 ☀️ Éischt komplett Sonnen-däischtert an Europa zënter 1999 - Millioune Leit an Europa waarden op déi éischt komplett Sonnendäischtert zënter 1999, déi et den Owend an Deeler vun Europa wäert ginn. Den Norde vu Spuenien zum Beispill wäert eng kuerz Zäit ganz an d‘Däischtert falen.
https://tinyurl.com/2pyjx5hh

⚖️ Meta-Geriichtsprozess: Plattforme wieren entwéckelt gi fir Leit ofhängeg ze maachen - De Mammekonzern vu Facebook, Meta, steet vun haut un nees viru Geriicht. Dës Kéier gëtt Meta vun enger Koalitioun vu Procureuren aus sämtlechen US-Bundesstaate beschëllegt.
https://tinyurl.com/47dysxkj

An de leschten Deeg hu verschidden däitsch Bundesländer wéinst dem nidderege Waasserstand an de Flëss an den Aschränkung...
11/08/2026

An de leschten Deeg hu verschidden däitsch Bundesländer wéinst dem nidderege Waasserstand an de Flëss an den Aschränkunge vun der Banneschëfffaart de Sonndes-Fuerverbuet fir Camionen opgehuewen. Dat géif Problemer mat sech bréngen, seet de Luxport-Direkter Gilles Braquet.

Adresse

21a, Avenue J. F. Kennedy
Luxembourg
1855

Téléphone

+3524400441

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque radio 100,7 publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Partager