05/01/2026
Dëse Méindeg hat d’CGFP eng Entrevue mam neien Aarbechtsminister Marc Spautz. No där vun der Regierung eesäiteg ofgebrachener Sozialronn hu mir eng fundamental Relance vum Sozialdialog gefuerdert. De Minister huet confirméiert, dass d’Regierung fest gewëllt ass, dësem Uleies Rechnung ze droen. D’CGFP begréisst dëse positiven Usaz a fuerdert d’CSV-DP-Koalitioun dozou op, fir e respektvollt Verhandlungsklima tëscht de Sozialpartner ze suergen. 🤝
Geet et dem Minister no, soll de „Comité permanent du travail et de l’emploi“ (CPTE) deemnächst nees seng Aarbecht ophuelen. Hien huet confirméiert, dass d’CGFP als national representative Gewerkschaft wäert mat um Dësch sëtzen. Dat selwecht gëllt och fir déi bilateral Gespréicher mat der Regierung. Klickt hei fir méi Detailer 🔗https://www.cgfp.lu/actualites/2026/unterredung-mit-arbeitsminister-marc-spautz-cgfp-fordert-neustart-im-sozialdialog