Opus 100,7

Opus 100,7 Den Opus ass de Radiosender fir klassesch Musek zu Lëtzebuerg. Lancéiert gouf de Sender am Joer 2023 als rengen Internetradio.

Et ass e Schwësterprogramm vum Radio 100,7, aus deem sengem Programm en d’Noriichten iwwerhëlt.

De Pit Ewen iwwerhëlt zesumme mam Olivier Garofalo als Duebelspëtzt d’Direktioun vum Mierscher Theater. Hien ass zënter ...
13/08/2026

De Pit Ewen iwwerhëlt zesumme mam Olivier Garofalo als Duebelspëtzt d’Direktioun vum Mierscher Theater. Hien ass zënter der Grënnung vum Jugendorchester ONJ de President an huet wärend dëser Zäit mat senger Ekipp vill bewierkt an erlieft. Am Gespréich mam Lex Kauffmann schwätzt hien iwwer d’Gebuertsstonn an d’Visioun vum ONJ, d’Erausfuerderungen an déi besonneschst Momenter.

Lauschtert den Interview hei: https://tinyurl.com/5dex9awb

Aus dem noe Frëndeskrees si mir haut gewuer ginn, datt de Lëtzebuerger Tenor Venant Arend e Samsden, den 8. August am Al...
10/08/2026

Aus dem noe Frëndeskrees si mir haut gewuer ginn, datt de Lëtzebuerger Tenor Venant Arend e Samsden, den 8. August am Alter vun 91 Joer gestuerwen ass. Mir maachen e Réckbléck op déi wichtegst Etappen a senger artistescher Karriär.

🎼 Wolls du schonn ëmmer eng Kéier e Concert selwer gestalten? Dann hues du elo d’Chance dozou: De Mosel Musikfestival gë...
31/07/2026

🎼 Wolls du schonn ëmmer eng Kéier e Concert selwer gestalten? Dann hues du elo d’Chance dozou: De Mosel Musikfestival gëtt néng ausgewielte Persounen d’Méiglechkeet un engem Atelier deelzehuelen, fir un der Programmgestaltung vun dräi Concerten fir d’Saison 2027 matzewierken.

Dozou hunn eis déi zwee nei Intendanten vum Festival, den Dr. David Maier an de Klaus Gasteiger méi verroden.

Lauschtert den Interview an eiser Opus Mediathéik: https://tinyurl.com/4x4rfryz

🇬🇷💃 Hu dir schonn emol Sirtaki gedanzt? De “Papp” vun dësem Danz, de Mikis Theodorakis (1925-2021), géif haut säin 101. ...
29/07/2026

🇬🇷💃 Hu dir schonn emol Sirtaki gedanzt? De “Papp” vun dësem Danz, de Mikis Theodorakis (1925-2021), géif haut säin 101. Gebuertsdag feieren.

Hien war nieft dem Komponéieren als Schrëftsteller och als Politiker aktiv a huet och eng besonnesch Relatioun zu Lëtzebuerg gepfleegt, ë.a. eng Frëndschaft mam Schrëftsteller a fréieren 100,7-Mataarbechter Guy Wagner.

🇱🇺 Ma och seng drëtt Oper “Elektra” gouf 1995 zu Lëtzebuerg uropgefouert an 2005 krut hien och den Ordre du Mérite offiziell iwwerreecht.

24/07/2026

Un enger Masterclass mam bekannte Rostropovich-Schüler Ivan Monighetti deelhuelen? Dat kann de Matis Griso elo definitiv vu senger Bucket-List sträichen!✅

De jonke Lëtzebuerger Cellist hat déi grouss Chance als ee vu sechs ausgewielte Participanten an der Schwäiz um Solsberg Festival vun der Star-Cellistin Sol Gabetta matzemaachen. 🌟

Wéi dat fir hien war, verréit hien eis am Interview.

☀️ 🎼  Summerconcerten um OpusMir bréngen dir den Openair-Feeling bis heem mat Live-Matschnëtter aus Europa! Iwwert d’Gro...
20/07/2026

☀️ 🎼 Summerconcerten um Opus

Mir bréngen dir den Openair-Feeling bis heem mat Live-Matschnëtter aus Europa!
Iwwert d’Grouss Vakanz iwwerdroe mir all zweete Méinden um 20:00 Auer en Openair-Concert mat Stare wéi dem Xavier de Maistre, dem Ivan Fischer, der Yulianna Avdeeva an dem Daniel Harding.

20.07. ➡️ Xavier de Maistre - Tonkünstler Orchester - Fabien Gabel
03.08. ➡️ Yulianna Avdeeva
17.08. ➡️ Alina Ibragimova - European Union Youth Orchestra - Iván Fischer
31.08. ➡️ Stefano Bollani - Orchestra dell'Accademia Nazionale di Santa Cecilia - Daniel Harding
14.09. ➡️ NDR Radiophilharmonie - Stanislav Kochanovsky

📅 Entdeck de ganze Programm op www.opus.radio oder an der App!

📆 Dës Woch am Agenda: Summerdeeg voller Musik a Konscht fir Grouss a Kleng! Looss dech verzauberen op der Nuit des Merve...
10/07/2026

📆 Dës Woch am Agenda: Summerdeeg voller Musik a Konscht fir Grouss a Kleng! Looss dech verzauberen op der Nuit des Merveilles, genéiss de Summer bei Open-Air-Concerten oder maach spannend Entdeckungen un engem Dag voller neier Musik. ☀🎶

💿 D’Braatsch als Solo-Instrument? Dat war laang kaum virstellbar.De brittesche Braatschist Timothy Ridout an den amerika...
09/07/2026

💿 D’Braatsch als Solo-Instrument? Dat war laang kaum virstellbar.

De brittesche Braatschist Timothy Ridout an den amerikanesche Pianist Jonathan Ware presentéieren op hirem Album “alto appassionato” dräi Concertsstécker vun de Komponisten Léon Honnoré, George Enescu, an Henri Büsser, déi genau fir dësen Zweck geschriwwe goufen. Och éigen Arrangementer vum Timothy Ridout sinn um Album ze fannen: sechs Lidder vum Gabriel Fauré an d'Geiesonat vum César Franck.

🇱🇺 Och wann een d’Stéck scho kennt: op der Braatsch héiert een dës Musek erëm fir déi éischte Kéier.

🇬🇧 Even if you already know the piece: on the viola, you’re hearing it for the first time all over again.

De Pit Brosius kritt dëst Joer de Prix Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal iwwerreecht. Hien ass de kënschtleresche...
06/07/2026

De Pit Brosius kritt dëst Joer de Prix Arts et Lettres vum Institut Grand-Ducal iwwerreecht. Hien ass de kënschtlereschen a musikalesche Leeder vum Jugendorchester Orchestre National des Jeunes du Luxembourg an dirigéiert reegelméisseg aner Ensembelen am In- an Ausland. Doriwwer eraus ass hien och Enseignant. Déi offiziell Iwwerreechung ass de 27. November am Theater.

06/07/2026

D’Ekipp vum Opus sicht en neie Member!

Däin Häerz schléit fir déi klassesch Musek? Da bass du bei eis richteg!
Bei eis schaffs du am Déngscht vum Service public a bass no um Bols vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen. Du féiers Interviewe mat Kënschtler:innen, recherchéiers spannend Theemen, gees op Reportage, entwéckels nei Sendungsformater a Podcasten an inspiréiers eise Public – am Studio wéi och bei Live-Moderatiounen.

Interesséiert? Da schéck eis deng Kandidatur bis den 13. Juli eran! Méi Infoe fënns du op eisem Internetsite: tinyurl.com/abftnmmj

Adresse

21A, Avenue J. F. Kennedy
Luxembourg
1855

Téléphone

+3524400441

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Opus 100,7 publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Opus 100,7:

Raccourcis

Partager