Kremart Edition

Kremart Edition Kremart Edition ass eng Editioun zu Lëtzebuerg. Kremart Edition gouf am Summer 2013 vum Christiane Kremer, Viviane Leytem a Luc Marteling gegrënnt. Den 8.

Déi nei Maison d'édition huet just een Zil: Bicher, déi frou maachen. „Mammendag“ ass hir éischt Publikatioun a si koum pénktlech fir Pappendag eraus. November presentéiert de Verlag seng nei Bicher: „Armagnac“, dee leschte Krimi vum Josy Braun, an an der Serie „Smart Kremart“ 4 Kuerzgeschichte vu 4 verschiddenen Auteurinnen ...

Haut ass ELMAR-DAG!! Dofir ginn et gläich zwou Liesunge mam faarweg-karéierten Elefant. Um 11 Auer zu Jonglënster an der...
23/05/2026

Haut ass ELMAR-DAG!! Dofir ginn et gläich zwou Liesunge mam faarweg-karéierten Elefant.
Um 11 Auer zu Jonglënster an der Bibliothéik an um 3 Auer an der Librairie "Bicherbësch" zu Gréiwemaacher ...
Onbedéngt laanschtkommen!!

D’Netz vun de “Spawecken” gëtt ëmmer méi grouss, dem Jemp Schuster säin neie Roman ass zerguttstert lancéiert, dat ass d...
16/05/2026

D’Netz vun de “Spawecken” gëtt ëmmer méi grouss, dem Jemp Schuster säin neie Roman ass zerguttstert lancéiert, dat ass dat mannst, wat ee ka soen! Iwwerbléck op kremart.lu

https://kremart.lu/2026/05/16/dem-jemp-schuster-seng-spawecken-schwaiz-randschelt-topaze-belle-etoile-asw/

Dem Jemp Schuster seng “Spawecken”: Schwäiz, Randschelt, Topaze, Belle Étoile asw. D’Netz vun de “Spawecken” gëtt ëmmer méi grouss, dem Jemp Schuster säin neie Roman ass zerguttstert lancéiert, dat ass dat mannst, wat ee ka soen! Hei e klengen Iwwerbléck: Enn Abrëll gouf et eng Av...

14/05/2026

E Freideg den 8. Mee ass am Musée Thillenvogtei zu Randschelt dem Jemp Schuster säi Roman "Spawecken" virgestallt ginn. En Owend am Zeeche vum Buch a vum Schmatt. Hei Impressiounen zesummegestallt vum Monique Reinard-Klees.

Merci der Gemeng Groussbus-Wahl an der ASBL Schankemännchen

Den 23. Mee ass dem Elmar säin Dag. Da gëtt dee faarweg karéierten Elefant vum David McKee op der ganzer Welt gefeiert. ...
13/05/2026

Den 23. Mee ass dem Elmar säin Dag. Da gëtt dee faarweg karéierten Elefant vum David McKee op der ganzer Welt gefeiert. Och bei Kremart an dat mat enger Liesung an der Lënster Bibliothéik, samschdes moies um 11 Auer. (Opgepasst: et gëtt e Kaddo fir e selwer gemooltent Elmar-Bild!!!)

A samschdes de 6. Juni ass eng Liesung mat den 3 Bicher vum Alex Latimer: De Ray, De Friggy ass e Fräsch an De Pitt ass e Päiperlék.

Dem Jemp Schuster säin neie Roman “Spawecken” gouf eng éischte Kéier op Invitatioun vum Lëtzebuerger Club „Roude Léiw“, ...
04/05/2026

Dem Jemp Schuster säin neie Roman “Spawecken” gouf eng éischte Kéier op Invitatioun vum Lëtzebuerger Club „Roude Léiw“, zu Fribourg an der Schwäiz virgestallt.

Op der Foto mam Auteur lénks de President vum Club, de Jerry Philipps a riets de Lëtzebuerger Ambassadeur an der Schwäiz, de Robert Lauer.

https://kremart.lu/2026/05/04/spawecken-an-der-schwaiz-virgestallt/

Den 8. Mee gëtt d’Buch elo zu Randschelt virgestallt. Ze kréien ass de Roman schonn an de Librairien, op Letzshop a bei kremart.lu. Duerno geet de Jemp Schuster och op eng Lies-Tournee uechtert d’Land. Detailler geschwënn.

28/04/2026
Haut ass de Weltdag vum Buch, deen d'UNESCO 1995 op den 23. Abrëll geluecht huet. E gëllt als Doudesdag vu Cervantes a S...
23/04/2026

Haut ass de Weltdag vum Buch, deen d'UNESCO 1995 op den 23. Abrëll geluecht huet. E gëllt als Doudesdag vu Cervantes a Shakespeare 1616.

"Schenkt eng Geschicht - schenkt e Buch - schenkt Dreem, Abenteuer, Reesen, Onméigleches, dat méiglech gëtt ...", ass de Slogan vun dësem Dag.

Grad op dësem Dag ass bei Kremart den neie Roman "Spawecken" vum Jemp Schuster ukomm. Dir fannt en do, wou et Bicher gëtt: an de Librairien oder bei kremart.lu

13/02/2026

Adresse

Luxembourg

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Kremart Edition publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Kremart Edition:

Partager